Green Cottage Garden

An enger Welt, an där Ëmweltbewosstsinn an Nohaltegkeet ëmmer méi wichteg ginn, huet elo am Park „Jeannot Belling“ de Green Cottage Garden mat der Mini-Biosphär seng Dieren opgemaach.

D’Mini-Biosphär vum Berliner Startup PlattenBaum bréngt d’Liewensmëttelproduktioun op ongenotzte stättesch Raim, nom Prinzip vun der Kreeslafwirtschaft andeems Reewaasser fir d’Netze gesammelt gëtt, Solarenergie fir d’Waasserzirkulatioun genotzt gëtt an d’Kompostéierung fir d’Generéierung vun Närstoffer an d’Heizen agesat gëtt.

Zil vum Projet ass et d‘Gemeinschaft op nohaltegen a saisonalen Ubau ze sensibiliséieren, eng gesond Iesskultur an eiser Gesellschaft ze fërderen an esou d’Leit ze inspiréiere Verantwortung fir d’Natur ze iwwerhuelen a gläichzäiteg vun de ville Virdeeler vun engem gesonde Liewensstil ze profitéieren. De Gaart soll eng Plaz si wou d’Leit zesummekommen, zesummeschaffen an esou intergenerationell Treffe fërderen.

  • De Gaart vum aktuell vum Jugendhaus „Jugendwave“ an Zesummenaarbecht mat der Stad Réimech betreit.

Bewosstsinn fir nohaltegen Ubau an eng gesond Ernierung fërderen

Vum Som bis d’Recolte

De Green Cottage Garten ass een aktiv Beispill fir nohaltegen Ubau: et gi villsäiteg Ubaumethoden wéi zum Beispill Mëschkulturen a Standuertwiessele vun de verschiddene Kulture benotzt fir de Buedem gesond ze halen an den Asaz vu Chemikalien ze reduzéieren. Dëst ënnerstëtzt net nëmmen d’Ëmwelt mä och d’Qualitéit vun de Produiten. Zil ass et, en zouene Kreeslaf am Gaart ze kreéieren: Offäll ginn a Kompost a Mulch ëmgewandelt, Äscht ginn als Befestegungsmaterial benotzt, mam Reewaasser gëtt genat an de gesammelte Som gëtt fir d’Zéien am nächste Joer benotzt.

Vum Gaart op den Teller

Duerch frësch Kraider, Uebst a Geméis voll mat gesonden Närstoffer a fräi vu Pestiziden an Herbiziden, gëtt eng gesond Ernierung gefërdert. Et ass wichteg, dass d’Bierger:innen de Wäert vu frëschen a saisonale Liewensmëttel schätze léieren an och an hiren Alldag integréieren. Déi Jonk léieren d’Uebst, Geméis an d’Kraider selwer unzebauen an d’Recolte fir hir Kachaktivitéiten ze notzen.

Communautéit a Bildung

En Treffpunkt fir Iddien auszetauschen a vuneneen ze léieren: nieft Aktivitéite mat deene Jonken an de Beräicher Wildnispädagogie a „no-dig-gardening“, wéi och Gäertneratelieren, ass eng Zesummenaarbecht mam Altersheim, der Schoul , der Betreiungsstruktur an de Bierger vun der Stad Réimech geplangt.

Liewensraum fir Insekten

Nieft dem Ubau vun Uebst a Geméis gin am Gaart och Liewensraim fir Insekten an Déiere geschaaf. An Zesummenaarbecht mam SIAS entsteet e Liewenstuerm fir Insekten, Mauereidechsen, Gaardeschléifer, Vigel, Fliedermais a nach vill aner Déieren, déi ënnert dem Verloscht vun hirem Liewensraum leiden. A Kombinatioun mat enger Blummewiss, engem Staudebeet, Beem a Straicher kënne mir sou aktiv géint de Réckgang vun der Biodiversitéit virgoen.