Am Ufank wuer e Concours
Zil vum Concours wuer et déi bestoend Fläch vum Schoul- a Sportzentrum “Gewännchen” ze optimiséieren an op ca. 14.000 m2 all Schoulberäicher ze regruppéieren a sou e multifunktionale Site ze schafen.
De Projet
De Projet ëmfaasst eng Notzfläch vun ca. 14.500 m a suergt mat folgenden Ariichtungen fir e richtege „Campus-Feeling“:
- Crèche a Précoce
- Betreiungsstruktur (Maison Relais)
- Grondschoul (Cycle 1 bis 4) mat Plaz fir bis zu 550 Kanner
- Büroen a Konferenz
- Bibliothéik
- Kantin mat Kichen
- Eng Sportshal (mat duebelem Terrain) vun +/- 1.000m2
- Eng Dëschtennishal
- E Multifunktiounssall (deen och als Festsall ka genotzt ginn) mat enger Fläch vun ca 250m2.
- Eng Déifgarage
Zousätzlech ginn d’Bushaltestell an d’Baussenanlagen erneiert.
D’Multifunktionalitéit vum Site gëtt zousätzlech ënnerstrach duerch d’Benotze vun der Hal fir schoulesch an ausserschoulesch (z.B. duerch déi lokal Veräiner) Zwecker.
Déi kompakt Form vun de Schoulgebaier passt perfekt an déi dräieckeg Form vum Site. Doduerch entsti kuerz Weeër, d’Fläch gëtt optimal genotzt an zousätzlech erfëllt d’Gebai och héich architektonesch Ufuerderungen. E wichtegen Aspekt sinn och d’Baussenanlagen: et entsti verschidde Schoulhäff, Klassesäll am Fräien a Spillplazen.
Fir dass de lafende Schoulbetrib esou mann wéi méiglech gestéiert gëtt, gëtt de Projet a verschiddene Phase realiséiert, déi openeen ofgestëmmt sinn:
- Bau vun der neier Sportshal
- Ofrëss vun der aler Sportshal an Erweiderung vun der aktueller Maison Relais fir dass d’Schoulklassen an der 3. Bauphase kënnen dohi plënneren
- Ëmbau vum bestoende Schoulgebai mat der Integratioun vun der Crèche
Déi aktuell Maison Relais bleift erhalen a gëtt an den neie Projet integréiert.
D’Stad Réimech leet grousse Wäert op eng nohalteg an eng héichenergetesch Realisatioun vum Schoulcampus. D’Gebai als Holzhybridkonstruktioun vum Architekturbüro architecture + aménagement S.A. gëtt den héijen Ufuerderungen un Nohaltegkeet an Energieeffizienz gerecht. Holz als Haaptbauelement ass eng erneierbar Ressource, déi CO2 späichert an och hei zu Lëtzebuerg ouni laang Transportweeër disponibel ass. Ausserdeem kënnen d’Bauelementer aus Holz gréisstendeels virgefäerdegt ginn, wat d’Dauer vun der Baustell verkierzt.