Neie Schoulcampus “Gewännchen”

Vum Concours, deen am Januar 2021 ugefaangen huet, goufe d'Projete vu 4 Architektebüroen zeréckbehalen:

(Français) Le bureau architecture + aménagement S.A. travaille avec succès au Luxembourg depuis 1960, où il a construit plusieurs bâtiments publics importants, dont le campus scolaire de la commune de Schuttrange à Munsbach (2010), le siège de la CSSF à Luxembourg (2015), l'École Centrale à Clausen (2017) en partenariat avec JSWD-Architekten en Allemagne, le hall sportif à Bridel (2020) ainsi que le siège de l’entreprise de construction CDCL à Leudelange en construction hybride en bois (2022). Le succès de sa participation à des concours internationaux à l'étranger conduit régulièrement à des commandes en Allemagne et en Suisse.

(Français) Du concours, lancé en 2021, les projets de 4 bureaux d’architectes ont été retenus :

  • 1. Architecture + Aménagement S.A. (Luxembourg) – Gewënner

  • 2. Witry & Witry S.A. (Echternach)

  • 3. Studio Jil Bentz s.à r.l. (Remich)

  • 4. Bureau d’architectes Teisen & Giesler s.à r.l. (Luxembourg)

Am Ufank wuer e Concours

Zil vum Concours wuer et déi bestoend Fläch vum Schoul- a Sportzentrum “Gewännchen” ze optimiséieren an op ca. 14.000 m2 all Schoulberäicher ze regruppéieren a sou e multifunktionale Site ze schafen.

De Projet

De Projet ëmfaasst eng Notzfläch vun ca. 14.500 m a suergt mat folgenden Ariichtungen fir e richtege „Campus-Feeling“:

  • Crèche a Précoce
  • Betreiungsstruktur (Maison Relais)
  • Grondschoul (Cycle 1 bis 4) mat Plaz fir bis zu 550 Kanner
  • Büroen a Konferenz
  • Bibliothéik
  • Kantin mat Kichen
  • Eng Sportshal (mat duebelem Terrain) vun +/- 1.000m2
  • Eng Dëschtennishal
  • E Multifunktiounssall (deen och als Festsall ka genotzt ginn) mat enger Fläch vun ca 250m2.
  • Eng Déifgarage

Zousätzlech ginn d’Bushaltestell an d’Baussenanlagen erneiert.

D’Multifunktionalitéit vum Site gëtt zousätzlech ënnerstrach duerch d’Benotze vun der Hal fir schoulesch an ausserschoulesch (z.B. duerch déi lokal Veräiner) Zwecker.

Déi kompakt Form vun de Schoulgebaier passt perfekt an déi dräieckeg Form vum Site. Doduerch entsti kuerz Weeër, d’Fläch gëtt optimal genotzt an zousätzlech erfëllt d’Gebai och héich architektonesch Ufuerderungen. E wichtegen Aspekt sinn och d’Baussenanlagen: et entsti verschidde Schoulhäff, Klassesäll am Fräien a Spillplazen.

Fir dass de lafende Schoulbetrib esou mann wéi méiglech gestéiert gëtt, gëtt de Projet a verschiddene Phase realiséiert, déi openeen ofgestëmmt sinn:

  1. Bau vun der neier Sportshal
  2. Ofrëss vun der aler Sportshal an Erweiderung vun der aktueller Maison Relais fir dass d’Schoulklassen an der 3. Bauphase kënnen dohi plënneren
  3. Ëmbau vum bestoende Schoulgebai mat der Integratioun vun der Crèche

Déi aktuell Maison Relais bleift erhalen a gëtt an den neie Projet integréiert.

D’Stad Réimech leet grousse Wäert op eng nohalteg an eng héichenergetesch Realisatioun vum Schoulcampus. D’Gebai als Holzhybridkonstruktioun vum Architekturbüro architecture + aménagement S.A. gëtt den héijen Ufuerderungen un Nohaltegkeet an Energieeffizienz gerecht. Holz als Haaptbauelement ass eng erneierbar Ressource, déi CO2 späichert an och hei zu Lëtzebuerg ouni laang Transportweeër disponibel ass. Ausserdeem kënnen d’Bauelementer aus Holz gréisstendeels virgefäerdegt ginn, wat d’Dauer vun der Baustell verkierzt.